D'Ausstellung „D'Lëtzebuerger Sprooch(en)“ op Tour

D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.

D'Ausstellung geet vum Juli bis November 2023 op Tour duerch d'Land. Hei di eenzel Terminer am Iwwerbléck:

  • 12. bis 22. Juli 2023: Belle Étoile (route d'Arlon, Bertrange)
  • 5. bis 9. August 2023: Ëlwen (Troisvierges / Ulflingen)
  • 3. bis 9. September 2023: Miedernach (Sportshal, Millewee; L-7661 Medernach)
  • 29. September bis 4. Oktober 2023: Forum Geesseknäppchen (40, bd Pierre Dupong; L-1430 Luxembourg-Hollerich)
  • 23. Oktober bis 10. November 2023: Institut national des langues Luxembourg (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg)
  • 14. Oktober 2023: Naturmusée – am Kader vun der „Nuit des Musées“ (25, rue Münster; L-2160 Luxembourg)
  • 19. bis 22. Oktober 2023: Arel (Belsch) am Palais, am Kader vun de Journées des langues et des cultures (Place Léopold; B-6700 Arlon)
  • 23. Oktober bis 10. November 2023: Institut national des langues Luxembourg (21, bd de la Foire; L-1528 Luxembourg)
  • 10. bis 29. Januar 2024: Déifferdeng (Aalt Stadhaus; 38, avenue Charlotte; L-4530 Differdange)
  • 15. bis 25. Mäerz 2024: Marnech (Nordstrooss Shopping Mile; 2, Marbuergerstrooss; L-9764 Marnach)
  • 6. bis 10. Mee 2024: École de Commerce et de Gestion (21, rue Marguerite de Brabant; L-1254 Luxembourg-Hollerich)

Weider Datume kommen nach bäi. Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen? Gemengen, Schoulen, Veräiner… kënne sech beim ZLS mellen (E-Mail: expo@lod.lu).

D’Visitt vun der Expo ass gratis.

Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d’Lupp geholl:

  • Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
  • Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
  • Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?

D’Wanderausstellung besteet aus véier Modüllen, déi ee kann opklappen an déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D’Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d’Ausstellung kënnen ze suivéieren.

 

Nieft audiovisuellen Exponater bitt d’Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ och partizipativ Elementer, bei deenen een zum Deel iwwer säi Smartphone ka matmaachen
©Patrick Flammang

Aktualiséiert