Table ronde a Colloque: Eng Bréck op den éischten Aarbechtsmaart

 

Fir vill Schüler mat Besoins spécifiques ass den Iwwergang vun der Schoul zur Aarbecht mat Schwieregkeeten an Ängschte verbonnen a stellt de Professionellen, déi mam Jonke schaffen, oft viru grouss Erausfuerderungen: Wéi gëtt d’Situatioun zu Lëtzebuerg erlieft? Wéi eng Recherchen ginn et zu dësem Thema? Wéi eng Hëllefmoossnahmen ginn et zu Lëtzebuerg?

Dës a vill aner Froë wäerten an zwou Veranstaltunge vun der Agence pour la transition vers une vie autonome (ATVA) beschwat an diskutéiert ginn:

Eng Bréck op den éischten Aarbechtsmaart – e Recht op Aarbecht fir jiddereen

Table ronde am Casino syndical zu Bouneweg

Op dëser Table ronde e Mëttwoch, de 14. Juni 2023 um 19 Auer wäerte Leit aus der Schoul, der Aarbechtswelt an och dem Behënnerteberäich matenaner diskutéieren.

D’Table ronde riicht sech un all interesséiert Persounen. Weider Informatioune fannt Dir am Flyer zur Table ronde.

Colloque um EduPôle zu Walfer

Hei gëtt e Freideg, de 16. Juni 2023 en internationale Bléck op d’Thema geworf mat verschidde Virträg a Workshoppen.

De Colloque riicht sech un all Professionell aus dem sozio-edukative Beräich. Weider Informatioune fannt Dir am Flyer zum Colloque.

Eng Aschreiwung ass online méiglech:

Dernière mise à jour