Save the date: YEP! Schoulfoire vum 24. bis 26. Abrëll 2023

Vum 24. bis 26. Abrëll 2023 fënnt d'YEP-Schoulfoire an den Halen 7 bis 9 vun der LuxExpo um Kirchbierg statt.

D’YEP-Schoulfoire riicht sech un d’Schüler aus dem Cycle 4 vum Fondamental, aus dem leschte Joer Primärschoul vun den internationale Schoulen an un d’Schüler aus dem Secondaire. Se riicht sech och un hir Elteren an déi Professionell aus der Educatioun a ronderëm d’Educatioun. Presentéiert ginn déi verschidde Facettë vum ëffentleche Lëtzebuerger Schoulsystem. Et ass eng Plattform, fir déi schoulesch a professionell Orientéierung ze promouvéieren a fir Neies kennen ze léieren.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP-Schoulfoire ëm fënnef Pilieren:

  • d’Lëtzebuerger Lycéeën;
  • de Ministère, d’Maison de l’orientation an d’Schouloffer;
  • de Léierplazendag;
  • déi néng Formatiounswelten;
  • d’Atelieren & d’Shows.

Weider Informatiounen an de geneeë Programm ginn op der Websäit www.schoulfoire.lu publizéiert.

 

Video: YEP! Schoulfoire – save the date 24.-26.04.2023

Dernière mise à jour