50 Projete géint Gewalt ënner Jugendlechen
Gewalt ënner Jugendlechen a Gewaltvideoen, déi online zirkuléieren, sinn hautzedaags leider zur Realitéit ginn.
Iwwerzeegt dovunner, dass déi Jonk een Deel vun der Léisung sinn, fir géint dëst Phänomener virzegoen, gouf den Challenge "50 Projete géint Gewalt ënner Jugendlechen" lancéiert.
Bis den 30. Juni 2023 kënnen d’Jugendhaiser an d’Jugendservicer Projeten eraschécken, déi zesumme mat hire Jonke realiséiert goufen an iergendeng Form vu Gewalt thematiséieren.
Méi Informatioune fannt Dir op: