
Den 04. Mäerz 2023 vu 14.00-18.00 Auer fënnt zu Wooltz déi 6. Editioun vun der (KAJUKO) am Prabbeli vu COOPERATIONS statt.
KAJUKO 2023, organiséiert vum Jugendbureau Éislek a Kannerbureau Wooltz, huet als Zill Jonker ab 12 Joer, Erwuessener, déi am Kanner- a Jugendsecteur aktiv sinn souwéi och Politiker, zesummen ze bréngen a iwwer Demokratie ze schwätzen.
D'Participante kréien d'Méiglechkeet hiert Verständnis vun der Demokratie mëttels ënnerschiddleche kreative Methoden auszedrécken a ginn heibäi vu Kënschtler ënnerstëtzt (Graffiti, Theater, Songwriting, Diskussiounen, ...). Den erstallten Input, soll och no der KaJuKo bestoe bléifen an op d'Rees goen. Méi gëtt nach net verroden...