BEE SECURE Webinar: Kannersécherung am Internet - praktesch Tools, Techniken an Tipps

D'Kanner vun haut wuessen an enger Welt op, wou d’Medien Deel vun hirem Alldag sinn. Mat der Omnipresenz vum Internet am Doheem an dank de sëllegen Touchscreens, kënnen elo souguer schonn déi Jéngste Smartphones a Co benotzen.

Mee net all Contenu um Internet ass och fir Kanner adaptéiert.

Aus dësem Grond, kënnen nieft enger bewosster Begleedung vum Kand bei sengen éischte Schrëtt mat dëse Geräter, och eng Rei Astellunge vun de Geräter nëtzlech sinn. Wéi eng Astellungen, Programmer a soss Methoden d’Sécherheet vun ärem Kand am Internet verbesseren / erhéije kann, verrode mir Iech den 21. Oktober am neie prakteschen Online Webinar „Kannersécherung am Internet: praktesch, Tools, Techniken an Tipps“.

Et ass keng Umeldung néideg, ausser datt ee sech op Zoom alogge muss:

Dernière mise à jour