Froen an Äntwerten: COVID-19-Mesuren an de Schoulen an an de Betreiungsstrukturen

Op dëser Säit fannt Dir déi heefegst Froen an Äntwerten zu de Mesuren am Bildungsberäich, déi vum 15. Juli bis de 14. September 2021 gëllen.

Allgemeng Froen

Mäi Kand huet Symptomer: Wat soll ech maachen?

Äert Kand muss doheembleiwen, wann et :

krank ass oder wann et déi heiten Symptomer huet: Entweeder eent vun deenen Haaptsymptomer: Féiwer, Houscht, Otemproblemer, Péng am Longeberäich, Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochsënn ouni erkennbar Ursaach

ODER

minimum zwee vun deenen Niewesymptomer: Péng an de Muskelen; Middegkeet; Schnapp (Nues, déi verstoppt ass oder leeft); Halswéi; Kappwéi; keen Appetit; wässeregen Duerchfall.

Wann der en Zweiwel hutt, musst Dir Äert Kand doheem halen an Ären Dokter kontaktéieren.

Mäi Kand huet Symptomer: Wat soll ech maachen?

Äert Kand muss doheembleiwen, wann et :

krank ass oder wann et déi heiten Symptomer huet: Entweeder eent vun deenen Haaptsymptomer: Féiwer, Houscht, Otemproblemer, Péng am Longeberäich, Verloscht vum Geschmaachs- a Gerochsënn ouni erkennbar Ursaach

ODER

minimum zwee vun deenen Niewesymptomer: Péng an de Muskelen; Middegkeet; Schnapp (Nues, déi verstoppt ass oder leeft); Halswéi; Kappwéi; keen Appetit; wässeregen Duerchfall.

Wann der en Zweiwel hutt, musst Dir Äert Kand doheem halen an Ären Dokter kontaktéieren.

Mäi Kand gouf a Quarantän gesat oder isoléiert: Hunn ech Urecht op Congé pour raison familiales am Zusammenhang mat COVID-19?

Wann Äert Kand a Quarantän gesat gouf, well et enke Kontakt mat enger infizéierter Persoun hat, oder wann et isoléiert gouf, well et selwer infizéiert ass, hutt Dir Urecht op de Congé pour raisons familiales am Zesummenhang mam COVID-19.

A béide Fäll ginn déi Deeg, déi Dir fir de Congé pour raisons familiales huelt, net vun deenen Deeg ofgezunn, déi vum Gesetz fir den normale Congé pour raisons familiales virgesi sinn.

Wann Äert Kand an Isolatioun oder a Quarantän gesat gëtt, kritt Dir eng Ordonnance vun der Sanitärinspektioun geschéckt. Dir musst dës bei Är Demande fir de Congé pour raisons familiales derbaileeën. Wann Dir näischt kritt hutt, schreift wgl. der Sanitärinspektioun iwwer contact-covid@ms.etat.lu, mat der Matricule vun Ärem Kand.

Formulaire fir d’Demande an aner hëllefräich Informatiounen op: http://guichet.lu/cocrf.

 

 

Wou kann ech online pedagogescht Material an Iddie fir Aktivitéite mat de Kanner fannen?

De Site www.schouldoheem.lu proposéiert de Schüler, den Elteren an den Enseignanten eng grouss Selektioun un didakteschem Material esou wéi och de gratissen Accès op Sitë mat qualitativem pedagogesche Contenu, fir esou d’Kontinuitéit vun den Apprentissagen ze garantéieren.  

De Beräich Kannerdoheem proposéiert e sëllegen Aktivitéiten an och spilleresch an ënnerhalsam Iddie fir Kanner tëscht 1 a 4 Joer an tëscht 4 an 12 Joer, déi een doheem oder mat Frënn ka realiséieren. Fir ze iwwerleeën, fir kreativ ze sinn, fir un anerer ze denken, fir a Beweegung ze bleiwen, ouni d’Frënn vum Bastelen ze vergiessen!

De Site www.kannerzäit.lu sammelt Iddie fir Fräizäitaktivitéite mat der Famill, an der Natur, doheem, am Musée, am Theater etc. trotz den Anti-Covid-Restrictiounen.

De Site echwellechkann.lu adresséiert sech u Jonker, fir se ze encouragéieren, physesch Aktivitéiten ze maachen an dat am Respekt vun de sanitäre Restriktiounen. E proposéiert e sëllege Méiglechkeeten uechter d’Land fir (nees) aktiv ze ginn.

Wou kann ech Informatiounen iwwer d'Krankheet COVID-19 fannen?

Consultéiert dofir de Site www.covid19.lu. Dir kënnt och dʼHotline 247-65533 uruffen.

Wou kritt ee gehollef

U wie kann ech mech adresséieren, wann ech e psychologesche Rot oder eng psychologesch Betreiung brauch?

D’Helpline 8002-9393 bitt Kanner, Jugendlechen, Elteren a Famillen a Situatioune vu Stress, Konflikter oder Iwweraarbechtung psychologesch Hëllef un a lauschtert hinnen no. Si ass all Dag vun 8 bis 18 Auer ze erreechen. D’Helpline regruppéiert d’Servicer vum CePAS a vum ONE.

De Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) schenkt Schüler, Elteren an Enseignanten en oppent Ouer, gëtt hinne Rotschléi an offréiert eng Begleedung um Telefon. Consultatiounen op der Plaz si méiglech, awer just op Rendez-vous.

Den Office national de l’enfance (ONE) bitt Famillen Ënnerstëtzung, déi da vu privaten Träger, déi eng Konventioun mam ONE hunn, assuréiert gëtt.

U wien kann ech mech riichten, wann ech Froen zum Thema Kanner a Jonker mat spezifeschen Besoinen oder mat enger Behënnerung hunn?

D’Sozialaarbechter vum „Service de la scolarisation des élèves à besoins spécifiques“ (S-EBS) stinn Iech mat Rot an Dot zur Säit.

Dir erreecht se iwwer d’Nummer 247-85180 oder per E-Mail: social.s-ebs@men.lu.

 

Summerschool 2021

Wat ass d’Summerschool?

D’Summerschool, dat sinn:

  • gratis a fakultativ Nohëllefsstonnen um Schluss vun der Summervakanz;
  • fir d’Schüler aus dem Fondamental an dem Secondaire, déi an den Haaptfächer hannendra sinn

Kuckt all d’Detailer op https://schouldoheem.lu/lu/summerschool/faq.

 

Droe vun der Mask (oder vun all anerem Schutz, deen d’Nues an de Mond bedeckt)

Muss mäi Kand e Mask an der Crèche droen?

D’Droe vun enger Mask (oder all anerem Schutz, deen d’Nues an de Mond bedeckt) ass fir Kanner ënner zwee Joer verbueden an net recommandéiert fir Kanner ënner 6 Joer.

 

Muss mäi Kand e Mask a senger Betreiungsstruktur fir scolariséiert Kanner (Maison relais) droen?

Baussent dem Gebai sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch.

Bannent dem Gebai sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch, wann d’Unzuel vu Kanner, déi gläichzäiteg bei där selwechter Aktivitéit matmaachen, net méi grouss ass wéi zéng. Bei enger Zuel vu méi wéi 10 Kanner ass d’Droe vun der Mask fir Kanner vu 6 Joer un a fir Erwuessener obligatoresch. Dëst gëllt och, wann ee sëtzt (ausser wärend de Moolzechten).

D’Droe vun der Mask ass net recommandéiert fir Kanner, déi manner wéi 6 Joer hunn.

Verschidde Kanner mat spezifesche Besoine si vun der Maskeflicht dispenséiert.

Kann een an de Bildungsstrukturen egal wéi eng Zort Mask (Buff, Foulard, asw.) unhunn?

Laut de Recommandatioune vun der Santé si Foularden, Buffen a Stoffmasken erlaabt. Se mussen d’Nues an de Mond bedecken.

Muss mäi Kand an den ëffentlechen Transporter e Mask droen?

D’Kanner, déi méi al si wéi 6 Joer an déi Jonk mussen an den ëffentlechen a schouleschen Transporter e Mask droen.

 

Sanitäre Stufeplang an den Accueilstrukturen

Wéi eng Schutzmoossname ginn an de Crèchen a Mini-Crèchë ëmgesat ?

D’Schutzmoossname fir d’Kanner

D’Hännwäsche bleift dee wichtegste Schutzgest. D’Personal sensibiliséiert d’Kanner jee no Alter a weist hinnen déi richteg Gesten.

D’Droe vun enger Mask, engem Bandana (Buff) oder engem Schal fir Kanner ënner zwee Joer ass streng verbueden (Erstéckungsgefor). Bei Kanner déi manner wéi 6 Joer hunn an déi esou e Mond-Nues-Schutz schlecht verdroen, gëtt dovun ofgeroden. E kann den Infektiounsrisiko erhéijen, well e Kand reegelméisseg seng Mask a säi Gesiicht mat sengen Hänn beréiert. Extra Consignë (wéi eng Spezialmask unhunn) kënne fir besonnesch ufälleg Kanner gëllen, jee no Uweisung vun hirem Dokter.

D’Aktivitéite fannen esouwäit ewéi méiglech dobausse statt.


Spillsaachen, déi net gebotzt kënne ginn, solle wa méiglech ewechgeluecht ginn.

D’Schutzmoossname fir d’Personal

Fir d’Betreiungspersonal ass d’Droe vun der Mask staark recommandéiert (benotzt dofir am beschten duerchsiichteg Masken).

D’Droe vun der Mask an d’Reegelen, déi de Physical Distancing betreffen, gëllen net fir d’Aktivitéiten dobannen, wann d’Unzuel vu Persounen, déi gläichzäiteg un der Aktivitéit deelhuelen, net méi wéi zéng ass. D’Droe vun der Mask fir d’Betreiungspersonal vun de Crèchen a Mini-Crèchen ass bannent dem Gebai deemno net méi recommandéiert, wann de Grupp, deen encadréiert gëtt, aus net méi wéi 10 Persoune besteet.

Déi kierperlech Kontakter mat de Puppelcher gi selbstverständlech bäibehalen. Bei de méi ale Kanner, bleift de Kierperkontakt méiglech an och néideg (fir e Kand ze tréischten, fir him ze hëllefen, sech unzedoen, asw.). Den Erwuessene passt drop op, sech d’Hänn ze wäschen an eventuell och d’Gesiicht an dat vum Kand no esou engem physesche Kontakt.

D´Raimlechkeete gi grëndlech gebotzt a reegelméisseg gelëft.


Et gëtt drop opgepasst, datt esou wäit ewéi méiglech ëmmer déi selwecht Kanner an deem selwechte Grupp sinn.


Dës Moossname gëlle fir sämtlech Crèchen a Mini-Crèchen, privater wéi konventionéierter.

Mat wéi enge Moossname gëtt d’Gesondheet vun de Kanner a vum Personal an de Betreiungsstrukture fir scolariséiert Kanner geschützt?

 

Déi maximal Gréisst vun enger Grupp bleift op 30 Kanner limitéiert. Et gëtt allerdéngs recommandéiert, datt maximal 10 Kanner un enger selwechter Aktivitéit, déi dobannen organiséiert gëtt, deelhuelen.

An de Vakanzaktivitéiten ass d’Gréisst vun engem Grupp op 50 Kanner pro Aktivitéit limitéiert.

D’Aktivitéite solle méiglechst dobaussen ofgehale ginn. Aktivitéite mat Kontakt soll een evitéieren.

D’Aktivitéite sollen esou vill ewéi méiglech dobausse sinn. Aktivitéite mat Kontakt ginn evitéiert.

Baussent dem Gebai sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch.

Bannent dem Gebai sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch, wann d’Unzuel vu Kanner, déi gläichzäiteg bei där selwechter Aktivitéit matmaachen, net méi grouss ass wéi zéng. Bei enger Zuel vu méi wéi 10 Kanner ass d’Droe vun der Mask fir Kanner vu 6 Joer un a fir Erwuessener obligatoresch. Dëst gëllt och, wann ee sëtzt (ausser wärend de Moolzechten).

Bei sportlechen Aktivitéite kënne bis zu 10 Leit ouni Mask an ouni Social Distancing zesummekommen. An de Vestiairë gëllt d’Maskeflicht.

Bei Moolzechten dobannen kënne maximal 4 Leit beieneen um selwechten Dësch sëtzen.

D’Kanner an déi Jonk gi sensibiliséiert fir d’Hygièngesreegelen, déi gëllen (sech d’Hänn wäschen, sech begréissen, ouni sech ze beréieren, asw.).

D´Raimlechkeete gi grëndlech gebotzt a reegelméisseg gelëft.

Mäi Kand ass nach net scolariséiert a geet an eng Betreiungsstruktur. Do hat et Kontakt mat enger positiver Persoun. Wat geschitt elo?

Wann Äert Kand en enken an direkte Kontakt (wärend 15 Minutten a méi, mat manner wéi 2 Meter Ofstand an ouni Mask) mat enger Persoun hat, déi positiv op COVID-19 getest ginn ass, gëtt et a Quarantän gesat.

D‘Kand kann also net méi an d’Accueilstruktur goen, bis dat negatiivt Testresultat virläit. Den Test gëtt fréistens 6 Deeg nom leschte Kontakt mat der positiver Persoun duerchgefouert.

D’Ordonnance fir den Test gëtt kritt Dir vun der Santé geschéckt.

Sanitäre Stufeplang fir ausserschoulesch Aktivitéiten

Kënnen ausserschoulesch Aktivitéiten (Sport, Scouten, Jugendhaiser asw.) a Vakanzenaktivitéite gemaach ginn?

Ausserschoulesch Aktivitéiten a Vakanzenaktivitéite kënne stattfannen.

Et gëtt recommandéiert, datt d’Aktivitéite méiglechst dobaussen an der frëscher Loft ofgehale ginn. Dobausse sinn d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net obligatoresch.

D’Droe vun der Mask fir d’Participanten an d’Personal ass net obligatoresch bei Aktivitéiten dobannen, wann de Grupp aus net méi wéi 10 Persoune besteet. Bei enger Zuel vu méi wéi 10 Persoune gëllen am Kader vun der Covid-Check-Reglementatioun d’Droe vun der Mask an de Physical Distancing net.

D’Aktivitéite mat Iwwernuechtunge sinn ënner bestëmmte Konditiounen erlaabt (Kuckt heifir d’Consignë vum Jugendsecteur).

 

 

Sanitäre Stufeplang an der Erwuessenebildung

Kann ech weider a meng Coursen an der Erwuessenebildung goen?

D’Coursë vun der Erwuessenebildung fanne weiderhi statt, entweeder am Presentiel, op Distanz oder am Hybridmodus (blended learning). Dobäi ginn déi sanitär Schutzmoossname strikt agehalen. (Situatioun vum 12.02.2021)

D’Participantë ginn am Fall vun eventuellen Upassunge bei der Organisatioun vum Cours vum Prestataire vum Cours informéiert.

Wéi eng sanitär Mesurë mussen am Kader vun der Erwuessenebildung respektéiert ginn?

D’Dokument « nous protéger - vous protéger - me protéger » beschreift déi sanitär Mesuren, déi an der Erwuessenebildung applizéiert ginn.

Wéi kritt een Informatiounen a Rotschléi iwwer dʼErwuessenebildung?

Dir kënnt Kontakt ophuele mam „Service de la formation des adultes“ entweeder iwwer Telefon um 8002-4488 oder per E-Mail op sfa@men.lu.

Wann et néideg ass, kann och e Rendez-vous mat engem Conseiller an der Erwuessenebildung um Site Kierchbierg ausgemaach ginn

Vu Visitten ouni Rendez-vous gëtt ofgeroden.

 

 

Sanitäre Stufeplang am Fall vu positive Fäll an de Bildungsstrukturen

Wat geschitt bei engem positive Fall an enger Crèche ?

D’Kand oder den Erwuessenen, dee positiv getest gouf, gëtt doheem isoléiert. D’Grupp vum positiv geteste Kand gëtt a Quarantän gesat.

Ginn d’Accueilstrukture fir scolariséiert Kanner am Fall vun enger Infektioun zougemaach?

Et kann decidéiert ginn, fir eng Accueilstruktur fir scolariséiert Kanner (Maison relais, Foyer scolaire) zouzemaachen am Fall vun:

·         enger Infektiounsketten an der Struktur selwer,

·         enger Infektiounsketten an der Schoul,

·         däitlech Hausse vu positive Fäll an der Schoulpopulatioun op nationalem Niveau.

Wat geschitt bei engem positive Fall an der Erwuessenebildung?

Wann Dir e Cours an der Erwuessenebildung maacht an Dir positiv getest gi sidd, da musst Dir de Prestataire, deen de Cours ubitt, doriwwer informéieren.

Message un d’Prestatairë vun der Erwuessenebildung:

Wann een Apprenant oder een Enseignant aus Äre Coursen am Presentiel Iech informéiert, datt e positiv op de COVID-19 getest ginn ass, da musst Dir eng E-Mail u covid19@men.lu schécken. An dëser E-Mail gitt Dir den Numm, de betraffene Cours an deen Dag un, un deem déi positiv geteste Persoun fir d’lescht a Kontakt mat anere Persounen aus dem Cours war. D’Apprenanten am Cours gi vun der Santé informéiert, wann se sollen a Quarantän goen a kréien dann eng Ordonnance, fir den Test ze maachen.

Aktualiséiert