
De 4. Mäerz 2023 vu 14.00-18.00 Auer fënnt zu Wooltz déi 6. Editioun vun der Kanner- a Jugendkonferenz (KAJUKO) am Prabbeli vu COOPERATIONS statt.
KAJUKO 2023, organiséiert vum Jugendbureau Éislek a Kannerbureau Wooltz, huet als Zil, Jonker ab 12 Joer, Erwuessener, déi am Kanner- a Jugendsecteur aktiv sinn, souwéi och Politiker zesummen ze bréngen an iwwer Demokratie ze schwätzen.
D’Participante kréien d’Méiglechkeet, hiert Verständnis vun der Demokratie mëttels ënnerschiddleche kreative Methoden auszedrécken, a ginn heibäi vu Kënschtler ënnerstëtzt (Graffiti, Theater, Songwriting, Diskussiounen ...). Den erstallten Input soll och no der KAJUKO bestoe bleiwen an op d'Rees goen. Méi gëtt nach net verroden ...