D’Wanderausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) versteet sech als Invitatioun, fir sech mat Sprooch a Sproochen auserneenzesetzen.
D'Ausstellung geet 2023 an 2024 op Tour duerch d'Land. Dee leschten Termin fir 2023 ass dësen:
- 27. November bis 3. Dezember 2023: Wuermer (Centre culturel)
Fir d’Joer 2024 stinn des Terminer um Programm:
- 12. bis 27. Januar 2024: Déifferdeng (Aalt Stadhaus; 38, avenue Charlotte; L-4530 Differdange)
- 15. bis 25. Mäerz 2024: Marnech (Nordstrooss Shopping Mile Marnach)
- 6. bis 10. Mee 2024: ECG (École de commerce et de gestion ; 21, rue Marguerite de Brabant ; L-1254 Luxembourg-Hollerich)
Weider Datume kommen nach bäi. Interesséiert, fir d’Ausstellung och bei Iech ze weisen? Gemengen, Schoulen, Veräiner… kënne sech beim ZLS mellen (E-Mail: expo@lod.lu).
D’Visitt vun der Expo ass gratis.
Den Titel vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ ass bewosst méideiteg a soll déi komplex Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg erëmspigelen. D’Ausstellung befaasst sech ë. a. mat den Theemen: Méisproochegkeet, sproochlech Varietéiten, Geschicht, Sproochwandel, Lëtzebuergesch an der Literatur an an de Medien. Méi konkreet ginn an dräi Statioune follgend Aspekter ënner d’Lupp geholl:
- Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg
- Wat ass Lëtzebuergesch a wéi funktionéiert d’Sprooch hautdesdaags?
- Wéi gëtt eng Sprooch gemaach?
D’Wanderausstellung besteet aus véier Modüllen, déi ee kann opklappen an déi eng Fläch vu ronn 120 m² an Usproch huelen. D’Texter si véiersproocheg – op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch –, esou datt Kenntnisser am Lëtzebuergesche keng Viraussetzung sinn, fir d’Ausstellung kënnen ze suivéieren.
D’Ausstellung war bis elo op folgende Plazen ze gesinn:
- 12. bis 22. Juli 2023: Belle Étoile (Bertrange)
- 5. bis 9. August 2023: Ëlwen (Troisvierges / Ulflingen)
- 3. bis 9. September 2023: Miedernach
- 29. September bis 4. Oktober 2023: Forum Geesseknäppchen (Lëtzebuerg-Stad)
- 14. Oktober 2023: Naturmusée Lëtzebuerg
- 19. bis 22. Oktober 2023: Arel (Belsch) am Palais
- 10. bis 24. November 2023: Esch-Uelzecht (Centre hospitalier Emile Mayrisch)
