Bis de 15. Oktober 2021 organiséiert den EDI-Magazin e Gewënnspill. Ze gewanne ginn et déi zwee éischt Bänner aus der Serie « Lëtzebuerger Wuertschatz », vum Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch (Detailler stinn am Reglement vum Gewënnspill).
Fir deelzehuele geet et duer, op d'Froen am Online-Formulaire ze äntweren.
All d’Äntwerte sinn an der aktueller Editioun vum EDI ze fannen.
Um Gewënnspill deelhuele kënne groussjäreg Persounen.
Dat komplett Reglement (FR) kënnt Dir hei eroflueden.
Schéckt Är Äntwerte bis spéitstens de 15. Oktober eran.
D’Gewënner ginn ënnert all de richtegen Äntwerte per Lous ermëttelt a gi per Mail informéiert.