National Aktiounspläng

An de follgenden nationalen Aktiounspläng gi Strategien a Moossname festgeluecht, mat deenen d’Rechter vu Kanner a Jugendleche garantéiert a gestäerkt solle ginn.

Rechter vum Kand

Den nationalen Aktiounsplang „Zesumme fir d’Rechter vum Kand“ ass ee staarkt Engagement fir d’Kannerrechter. Duerch seng 64 eenzel Moossname ginn d’Prioritéite kloer, déi de Kommitee fir d’Kannerrechter fir Lëtzebuerg festgeluecht huet.

Garantie fir Kanner

D’Garantie fir Kanner, eng Initiativ vun der Europäescher Kommissioun, huet als Zil, déi sozial Ausgrenzung vu Kanner ze verhënneren an ze bekämpfen, d’Aarmut an déi sozial Ausgrenzung vu Kanner ze reduzéieren an hiert Wuelbefannen ze verbesseren.

Jugendpakt: Zesumme fir d’Wuelbefanne vun deene Jonken

Den nationalen Aktiounsplang fir d’Jugend, de Jugendpakt, huet d’Zil, déi strateegesch Schwéierpunkte festzeleeën, un deene sech d’Jugendpolitik vun der Regierung orientéiert, an d’Moossnamen, déi kuerz- a mëttelfristeg am Beräich vun den Institutiounen, Administratiounen an dem berufflechen Ëmfeld mussen ergraff ginn, ze definéieren.

Nationale Gesondheetsplang

Den Nationale Gesondheetsplang, deen 2023 verëffentlecht ginn ass, enthält Richtlinnen, fir de Gesondheetszoustand vun der Populatioun zu Lëtzebuerg ze verbesseren.

Nationale Plang fir psychesch Gesondheet

Den Nationale Plang fir psychesch Gesondheet leet déi zukünfteg strateegesch Ausriichtung fir de System vun der psychescher Gesondheet an d’Versuergung am Beräich vun der psychescher Gesondheet fir den Zäitraum vun 2024-2028 zu Lëtzebuerg fest.

Promotion de la santé affective et sexuelle

Den nationale Programm fir d’Promotioun vun der affektiver a sexueller Gesondheet huet de But, eng erfëllten a respektvoll Sexualitéit geneesou wéi gesond a risikofräi sexuell Gewunnechten mam Accord vum Sexualpartner ze fërderen, fir eng ongewollte Schwangerschaft a sexuell iwwerdrobar Krankheeten ze evitéieren.

Fërderung vu Rechter vu LGBTI-Persounen

Mat engem inklusiven Usaz weist dësen nationalen Aktiounsplang den Alldag vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, transgender an intersexuelle Mënschen a gräift mat senger globaler Approche wichteg Liewenstheemen op wéi Educatioun, Aarbecht, Gesondheet a Famill a brécht Tabuen.

Rechter vu Mënsche mat Behënnerungen

Den zweeten nationalen Aktionsplang (2019-2024) mam Numm „L’inclusion nous concerne tous / Inklusion betrifft uns alle“ ëmfaasst 29 Prioritéiten, 55 Ziler a 97 konkreet Mesuren. Déi zoustänneg Ministèren hu sech engagéiert, dës ëmzesetzen, fir dass d’Interessie vu Leit mat Behënnerunge respektéiert ginn.

Preventioun vu Suizid

An dësem Rapport ginn déi grouss Efforte beschriwwen, déi bei der Preventioun vu Selbstmord misste gemaach ginn. De Schwéierpunkt läit dobäi op Persounen, déi et am meeschte brauchen: Jonker, eeler Leit a sozial isoléiert Persounen.

Aktualiséiert