Rentrée 2025/2026 : Zesummewuessen – Bildung verbënnt

Den 11. September 2025 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, d’Prioritéite fir d’Schouljoer 2025/2026 presentéiert.

An eiser Gesellschaft ginn et haut Realitéiten an Entwécklungen, déi eist Zesummeliewen an d’Fundamenter vun eiser Demokratie a Fro stellen. Dës fuerderen eis Gesellschaft Dag fir Dag eraus. Se verlaangen och e besonneschen Effort, fir den Zesummenhalt vun de Mënschen ze stäerken.

D’Bildung féiert Mënschen zesummen, egal wéi ënnerschiddlech se sinn. D’Bildung huet d’Aufgab, ze verbannen amplaz ze trennen, an ass domat e wichtegt Fundament vun eiser Gesellschaft.

„Eist Land steet viru groussen Erausfuerderungen: Ongläichheeten, eng grouss Sproochevillfalt, nei Technologien, déi Chancen a Risike mat sech bréngen. Grad dowéinst musse mir als Gesellschaft méi staark zesummewuessen. D’Bildung ass hei de Schlëssel. Si verbënnt, si baut Brécken, si mécht aus Diversitéit eng Stäerkt“, esou de Minister Claude Meisch op der Pressekonferenz.

Zesummewuessen duerch verschidde sproochlech Offeren an der Schoul

Kanner, déi liesen a schreiwe léieren an enger Sprooch, déi no un hirer Mammesprooch ass, hu besser Chancen, hire schoulesche Parcours ze reusséieren. Dofir ass et wichteg, schonn am Ufank vum Schoulparcours unzesetzen: Mat ALPHA – zesumme wuessen kréien d’Elteren de Choix, ob hiert Kand op Däitsch oder op Franséisch alphabetiséiert gëtt. Am 3. Trimester vum Schouljoer 2026/2027 huele fir d’éischte Kéier all Elteren dës Decisioun am Cycle 1.2. Dofir ginn am Laf vum Schouljoer 2025/2026 d’Enseignantë vum Cycle 1 intensiv op dës Orientatioun virbereet.

Gläichzäiteg gëtt an de Lycéeën d’Flexibilitéit vun der Unterrechtssprooch weider ausgebaut. Dräi weider Lycéeë bidden elo frankofon Klassen op der 7e vum Secondaire général un. Och d’Offer vum Baccalauréat International gëtt am Secondaire erweidert genee wéi d’Offer vu franséischen an englesche Formatiounen an der Beruffsausbildung. Zwee nei Sitte vun der École internationale Gaston Thorn, zu Walfer an um Kierchbierg, an de Projet vun enger weiderer ëffentlecher Europaschoul zu Schëffleng sinn Äntwerten op déi staark Demande no méi flexibelen Unterrechtssproochen.

Zesummewuessen am digitalen Zäitalter

Digitaliséierung a kënschtlech Intelligenz (KI) präge schonn haut d’Liewe vun de Kanner a Jonker. Fir eng gesond Screen-Life-Balance gëtt an de Grondschoule mam WibS-Programm an an de Lycéeë duerch eng zousätzlech Sportsstonn op der 6e Beweegung wärend der Schoulzäit gefërdert. Ausserhalb vum Unterrecht ginn all Dag zwou Aktivitéite Sport a Beweegung vun de Maisons relais ugebueden. D’Lycéeë kréie Ressourcen, fir hir Schoul esou ze gestalten, datt déi Jonk sech méi beweegen an Zäit zesumme verbréngen. Grondschoulen a Lycéeë kënne mat dëser Rentrée och op eng breet Offer u kulturellen Aktivitéiten zeréckgräifen.

No der Reegelung vum Smartphone lancéiert de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend dëst Joer eng national Strategie fir den Ëmgang mat der KI an der Schoul. Fir eng verantwortungsbewosst Notzung vun der KI musse mer virun allem an der Grondschoul déi mënschlech Kompetenze stäerken, ier an den ënneschte Klasse vum Lycée am Cours Digital sciences den Ëmgang mat der KI geléiert gëtt, fir se duerno esou anzesetzen, datt se de Schüler stäerke kann. Mat der Plattform KI-Kompass stellt de Ministère den Direktiounen, Enseignanten a Schüler verschidde KI-Tools zur Verfügung, fir se sécher an der Schoul kënnen anzesetzen. Déi grouss Linne vun der Strategie ginn an den nächste Woche mat allen Acteuren diskutéiert.

Zesummewuessen, fir datt all Kand a Jonken seng Plaz an der Schoul fënnt

Fir datt och Mënsche mat spezifesche Besoinen d’Chance hunn, an der Schoul zesummenzewuessen, ass et wichteg, datt weider zesummen an d’Inklusioun investéiert gëtt. Och dëst Schouljoer wäerte Kompetenzzentre méi no an d’Regiounen a bei d’Schoule réckelen. D’Grondschoule wäerte mat weidere Ressourcë gestäerkt ginn: Mat dem neien ONE-Schouldéngscht, weideren A-EBS (assistants pour élèves à besoins éducatifs spécifiques) an I-EBS (instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques) genee wéi mat zwee neien CST (centres sociothérapeutiques) entsti wichteg Ulafstelle fir en Encadrement um lokale Plang.

Zesummen de Stellewäert vun der Beruffsausbildung héichhalen

D’Handwierk ass ee Fundament vun eiser Gesellschaft a vun eiser Ekonomie. Och an Zäite vu KI brauche mir eng staark Beruffsausbildung. Mam weideren Investissement an eng modern Offer an der Initialausbildung, ville Méiglechkeete vu Weiderbildung an neie Perspektive wéi z. B. eng Première-DAP oder eng Formation professionnelle supérieure bleift de Wee an d’Beruffsausbildung e Choix fir d’Zukunft vun eiser Gesellschaft. Wichteg ass et dobäi och, deene Jonke scho fréi d’Geleeënheet ze ginn, hir Talenter ze entdecken an en Zougang zum Handwierk ze kréien, dëst duerch Optiounen am Lycée oder no de Schoulzäiten.

Bildung verbënnt. Wa mer aktiv zesummen a se investéieren a se weiderdreiwen.

Eng modern Schoul dréit d’Verantwortung, eis Kanner op d’Gesellschaft an op d’Liewe vu muer virzebereeden. Dofir muss se weider an d’Diversifikatioun vun hirer Offer investéieren an Talenter vun de Jonke fërderen.

D’Programmer mussen ugepasst ginn: An der Grondschoul lafen d’Finaliséierungsaarbechte fir den neie Plan d’études. Am Secondaire wäert e breede Consultatiounsprozess ronderëm d’Programmer ugestouss ginn. Och dëst Joer lafe mat der Sektioun Production musicale am Lycée Michel Lucius a mat der Sektioun Affaires économiques an der Sektioun Data literacy an der École de commerce et de gestion nei Offeren un. No der École internationale Mondorf-les-Bains lancéiert och elo de Schengen-Lycée en innovatiivt pedagogescht Konzept vun oppenem Unterrecht. A senger neier Annex zu Wickreng bitt d’Hotelschoul 50 Schüler aus der Stad an dem Süden eng méi no Formatiounsoffer an hirer Regioun.

Och dëst Schouljoer wäerte wichteg politesch Prioritéite weidergedriwwe ginn: Hei wäerten d’Reform vun der Voie de préparation am Secondaire, d’Reform vun den ënneschte Klassen am Secondaire général genee wéi d’Reform vum Chèque-service accueil an den Developpement vun der Qualitéit an der Innovatioun an der non-formaler Bildung am Fokus stoen.

 

De Minister Claude Meisch op der Pressekonferenz den 11. September 2025 am Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

 

 

Aktualiséiert